FRANÇAIS

time power advantage s.a.

2, Rue Haute
L-6680 Mertert

Tel.: 00352 277 636 48
Fax: 00352 277 636 52
Email: eva@tpa.lu

Ansprechpartner
Eva-Maria Hallfell

MANAGER (m/w/d) FIR SERVICE AN LOCATIOUN

Firma

Eise Client ass en kompetente Partner am Beräich vun der interner Logistik. Eng Duechtergesellschaft am Süden vun Lëtzebuerg gëtt agefouert fir déi erfollegräich Firma weider auszebauen.

Positioun

An dëser Positioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun fir all Ufroen am Zesummenhang mam Service an Locatioun. Dir geréiert d'Techniker an koordinéiert hiir Aufgaben. Dir sidd och verantwortlëch fir d’Locatioun vu Gabelstapler, Industrie Camionen an Aarbeschtsplattformen an organiséiert de néidegen Transport. Fir d'Beräicher vum Service an Locatioun gewannt Dir duerch en héiche Grad un Client-Orientéierung, aktiv nei Clienten an exploitéiert de Marché sou optimal wéi méiglech.

Är Qualifikatiounen

Qualifikatiounen              Ofgeschlossen technësch oder kommerziell Beruffsausbildung.

Beruffserfarung               Dir hutt Beruffserfaarung am Service oder Locatioun vun Maschinnen oder Gefierer, alternativ an ähnlechen Beräicher.

Spezifescht Wëssen       Fléissend Sproochkompetenzen op Lëtzeboiësch, alternativ Franséisch an Däitsch oder Franséisch an Englësch.

Är perséinlech Fähegkeeten

Dir hudd Iech professionell an Ärer aktueller Positioun qualifizéiert, sidd/hudd:

  • en héiche Niveau vir Service um Client an eng ganz gutt Eegen-Organisatioun
  • individuell an onofhängegt Denken an Handelen
  • ganz gudd Kommunikatioun an Leadership Fähegkeeten
  • Führerschäin Klass B
  • Interessen um Süden vu Lëtzebuerg

Offer

Dir kënnt eng interessant an variéiert Aarbescht an enger wirtschaftlech gesonder Firma an enger stabiller zukünfteger Industrie erwaarden. Zousätzlech zu enger attraktiver Maart a Positiouns- baséierter Remunératioun,  inklusiv Firmenauto, gëtt et flexibel Aarbechtszäiten souwéi eng flaach Hierarchie an séier Entscheedungen.

Schéckt w.e.g. Är Demande - mat Curriculum Vitae, Kopie vun den Zertifikater, Informatiounen iwwert Är Virstellung vum Jooresakommes an Disponibilitéit  - op eis E -Mail info@tpa.lu oder Postadress op Time Power Advantage S.A. 2, rue Haute, L-6680 Mertert, mat der Referenz-Nummer 09-21/D.

Mir versécheren Iech datt Är Demande vertraulesch behandelt gëtt. Aus Dateschutzgrënn froen mir Iech all E-Mail Anhäng nëmmen am PDF Format ze schëcken.

Revenir

Alle Rechte vorbehalten © TPA   |   Impressum  |   Kontakt   |   Datenschutzerklärung